EU Dateschutzgrondveruerdnung

Léif Frënn vu MOAMA,

MOAMA huet a senger Adressen-Lëscht (Bréif an E-mail Adressen) Nimm an Adresse vu Leit déi sech fir d’Programmer an Informatioune vu MOAMA interesséiert hunn.

Dës Adresse gi just gebraucht fir Iech um Lafenden ze halen, wa MOAMA Optrëtter plangt asw..

Op kee Fall ginn des Adressen un Drëtter weidergeleet.

Falls Dir net méi wëllt vun eis informéiert ginn, sot eis einfach Bescheed (eng Mail u moama@vo.lu) an da sträiche mir Iech vun eiser Lëscht.

Mir soen Iech Merci !

MOAMA