Wéi wäit nach bis Alaska?

Theaterstéck
Auteur - Jay Schiltz
Akteuren - Monique Melsen a Marcel Heintz
Mise en scène - Claude Mangen
Technik - Jaakes Hoffmann a Charles Stoltz
Kostümer - Sylvie Hamus a Cristina Kneip
Produktioun - Monique a Marcel

D'Monique an de Marcel hunn di éischt Jore vun hirer Pensioun gepackt. Si hunn hiert Haus an der Provence verkaaft a sinn nees zu Land, wou se gemittlech zesummen al ginn. Allerdéngs schéngt dat alles nëmmen esou. Dem Monique ass d'Liewen ze roueg an hatt mécht Pläng. Mee et ass de Marcel, deen dann eng onerwaart Initiativ hëlt an deenen zwee hiert Liewen definitiv op de Kapp stellt.

10 Joer nom grousse Succès vun E Wäibierg an Alaska mat iwwer 50 Virstellungen am Inouï zu Réiden huet de Jay Schiltz dem Monique Melsen an dem Marcel Heintz eng Suite geschriwwen: Wéi wäit nach bis Alaska? En Theaterstéck mat liicht kabarettisteschem Aschlag.